
Wéi d'Police vun Tréier matdeelt, koum et géint 19:20 Auer zu enger Course poursuite op der A64 op der Héicht vun der Lëtzebuerger Grenz a Richtung Tréier. Ee groen 3er BMW mat däitsche Placke war hei ze séier iwwer d'B51 an den Zentrum vun Tréier gefuer an ass trotz Signaler vun der Police net stoe bliwwen.
Bei der Flucht koum et zu op d'mannst dräi Kollisioune mat aneren Autoen. Anerer wieren duerch déi récksiichtslos Fuerweis a Gefor bruecht ginn.
Am Beräich vun der Andreas-Hovel-Strooss konnt de BMW gestoppt ginn, Chauffer a Bäifuerer goufe festgeholl.
De Grond fir d'Flucht muss den Ament nach ermëttelt ginn.
D'Police freet Zeien a Leit, déi nach bei der Course poursuite geschiedegt goufen, sech bei der Police vun Tréier ënnert der Nummer +49 651 983 44150 ze mellen.