Feier op Insel SalamisZwee verschidde Bëschbränn ënner Kontroll, zwou Persounen ëm d'Liewe komm

RTL mat AFP
D'Zuel vun den Doudesaffer op der Insel Salamis duerch zwee Bëschbränn gouf vun dräi op zwee erofgesat.
© ARIS MESSINIS/AFP

Zwee verschidde Feier waren op der griichescher Insel Salamis, déi direkt virun der Küst vun Athen läit, ausgebrach. Dobäi sinn zwou Persounen ëm d'Liewe komm. Ronn 600 Leit hu missten evakuéiert ginn, huet et e Méindeg de Moie geheescht.

"D'Situatioun ass besser, et gëtt keng aktiv Front méi," heescht et vun engem Spriecher vun de Pompjeeë géintiwwer der AFP. Zwee Helikopteren an 200 Pompjeeë waren an der Géigend am Asaz, esou weider d'Informatiounen.

D'Feier war e Sonndeg an der Géigend vun enger Plage am Süde vun der Insel, dee voller Touriste war, ausgebrach. En zweete Brand gouf am Oste vun der Insel gemellt, just e puer Kilometer Loftlinn vun Athen ewech. Déi Géigend ass beléift bei Leit aus der griichescher Haaptstad, déi fir e Kuerztripp un d'Mier op d'Insel kommen. D'Leit goufen all per Boot vun der Insel evakuéiert.

Duerch de staarke Wand hat d'Feier sech bannent just siwe Minutte séier ausgebreet, heescht et vun de Rettungsekippen op der Plaz. Dowéinst wier och séier d'Evakuatioun vun den zoustännegen Autoritéiten ordonéiert ginn. Duerch de Brand war eng eeler Koppel an hirem Doheem gefaangen a konnt net virum Feier flüchten. Dräi Persoune koume wéinst Verbrennungen an d'Spidol.

Nodeem Griicheland ufanks e bësse laanscht d'Hëtztwell koum, déi grouss Deeler vun Europa am Grëff hat an huet, gouf et am Land zanter Enn Juli awer verschidde gréisser Bëschbränn, déi duerch de staarke Wand nach verstäerkt goufen.

An de leschte 24 Stonne ware 36 Feier am ganze Land ausgebrach, heescht et vun den Autoritéiten. Bis ewell hu fënnef Pompjeeën am Kampf géint d'Feieren hiert d'Liewe gelooss, dorënner en dänesche Pilot, dee bei engem Zesummestouss vun zwee Helikopteren, déi e Feier an der Géigend vun Athen bekämpft hunn, ëmkomm ass.

Back to Top
CIM LOGO