
An der Bréisseler Gemeng Saint-Gilles ass et bannent nëmmen e puer Stonnen zu zwee Virfäll mat Waffe komm. E Sonndeg de Moien ass an der Géigend vun der Porte de Hal e Schoss gefall. D'Kugel ass an enger Fënster vun enger Wunneng ageschloen. D'Bewunnerin louch zum Zäitpunkt vum Virfall nach am Bett. Eréischt e Samschdeg den Owend war op der Place des Deux Bancs op e Mann geschoss ginn. Hie gouf um Bee blesséiert. De presuméierten Täter ass geflücht.
De Buergermeeschter vu Saint-Gilles, Jean Spinette, sot vis-à-vis vun der Noriichtenagence Belga, datt dës Dot méi wéi sécher a Relatioun mat enger Ausernanersetzung am Drogemilieu steet.
Vun e Freideg op e Samschdeg war och mat enger automatescher Waff op e Policebüro an der Banlieue vun Antwerpe geschoss ginn.
De Buergermeeschter fuerdert, datt Bréissel déi selwecht Mëttel wéi Antwerpen kritt. Ënner anerem fuerdert hien 80 zousätzlech Beamte fir d'Police judicaire, fir méi grouss Ermëttlungen ze erlaben an och géint d'Hannerleit vu kriminellen Netzwierker virgoen ze kënnen. Donieft plädéiert hie fir méi Moyene fir de Parquet, zousätzlech Plazen an zouenen Ariichtunge fir Jugendlecher an eng méi effizient Expulsioun vu Persounen ouni gültegen Openthaltsstatus, déi a kriminell Aktivitéite verwéckelt sinn.
De belschen Inneminister Bernard Quintin ass schockéiert iwwer déi zwee Virfäll an huet verséchert, datt d'Autoritéite sech net aschüchtere loossen.
An der Belsch ginn et schonn zënter Joren ëmmer erëm bluddeg Ausernanersetzungen tëschent Drogebanden.