
Zwielef Migrante sinn e Méindeg bei zwee verschiddene Schëffsaccidenter virun de griicheschen Insele Lesbos a Samos an der Ägäis ëm d'Liewe komm. Ënnert den Doudesaffer ass och e Puppelchen. Dat hunn déi griichesch Küstewaache matgedeelt.
Virun der Insel Lesbos, am Nordoste vun der Ägäis, ass e Schnellboot mat Migranten u Bord mat engem Patrulleschëff vun der Police kollidéiert. Dobäi si sechs Persounen ëm d'Liewe komm, dorënner e Puppelchen a véier Fraen. Aacht Persoune konnten aus dem Waasser gerett ginn. Informatioune vun der Küstewaach no soll d'Boot mat der lénker Säit vum Policegefier kollidéiert sinn.
En zweeten Accident gouf et e Méindeg de Moie fréi virun der Insel Samos, am Oste vun der Ägäis. Ronn 3,7 Séimeile vun der Küst ewech ass e Boot mat Migranten ënnergaangen. Sechs Persounen, fënnef Männer an eng Fra konnten nëmmen nach dout gebuerge ginn. Weider 14 Mënsche goufe gerett. Ënnert hinne soll och e presuméierten iranesche Schleiser sinn.
D'Ägäis ass eng vun de Strecken, déi vill Migrante benotzen, fir vun der Tierkei aus an d'Europäesch Unioun ze kommen. Ëmmer nees kënnt et dobäi zu déidlechen Accidenter.