
Am Iran sinn zwou Frae wéinst hirer Bedeelegung un de regierungskritesche Protester am Januar zum Doud verurteelt ginn. A béide Prozesser goung et ëm Virfäll an der Stad Isfahan, wéi d'Organisatioun Iran Human Rights mat Sëtz an Norwegen e Méindeg matgedeelt huet.
Déi 20 Joer al Taraneh Rahimi ass zesumme mat néng Männer wéinst Virfäll op enger Plaz an där Stad verurteelt ginn, bei deenen zwou Persounen ëmkomm waren, dorënner e Member vun de Sécherheetskräften. Dat schreift d'Mënscherechtsorganisatioun HRANA, déi hire Sëtz an den USA huet. Aner Ugekloten, wéi der Rahimi hir Schwëster Romina, hätte Prisongsstrofe vu bis zu 36 Joer kritt.
An engem zweete Fall huet déi 43 Joer al Leila Abolhasani, Mamm vun zwee Kanner, wéinst Brandstëftung an engem Buttek wärend de Protester zu Isfana d'Héchststrof kritt. Familljememberen hunn d'Accusatioune refuséiert an argumentéiert, d'Fra hätt dat brennend Geschäft just gefilmt gehat.
D'NGOe kloen, dass d'Affekote vun den Ugekloten zu engem groussen Deel vun den Dossiere keen Zougang gehat hätten a si net genuch Zäit gehat hätten, fir Dokumenter a Beweismëttelen z'iwwerpréiwen. Bis ewell wieren nach keng Fraen am Zesummenhang mat de Protester exekutéiert ginn, wärend dat bei 29 Männer schonn de Fall war. 16 Iranerinne wieren awer wéinst anere Vergoen an dësem Joer higeriicht ginn.