
Wéi d'Police géintiwwer de Medie matgedeelt huet, wieren zwee Passagéier vum Fliger beim Accident ëm d'Liewe komm, en drëtte gouf schwéier blesséiert. D'Maschinn ass iwwert dem Wunngebitt Limburgerhof südlech vu Mannheim erofgefall. Éischten Ermëttlungen no si keng Leit um Buedem blesséiert ginn.
Wéi déi däitsch Bild mellt, wier d'Maschinn an der Loft explodéiert. Aenzeien no sollen Debrise vun der Maschinn op d'Wunngebitt gefall sinn. Der Zeitung no hat de Fliger en Haus gesträift.