LieserbréifÀ la recherche du temps perdu

Lieserbréif vun engem anonymmen Auteur*
© RTL Grafik

Wann ech all d’Familljen ëm mech ronderëm gesinn, mat Kanner, egal ob Bébé oder Klengkand, froe ech mech, firwat ech meng Duechter nëmmen zwee Wochen laang konnt gesinn, wéi si gebuer gouf. Ech fillen mech eleng an roosen. Si ass am November 2025 gebuer ginn, an mir hu fir hir Gebuert virbereet, awer ech war net dobäi. De Plang, dat sie ze Lëtzebuerg op d´Welt kennt, goung net.

Zäit ass eppes, wat ee net zréckbekomme kann, während ee schaffen kann goen, fir Suen ze kréien. Zäit verléiert een awer, an de Moien ass dat eenzegt am Liewen, wat een erreeche kann ouni eppes ze maachen. Deeg, Wochen, Méint an iwwert e Joer hu mir verluer, well Lëtzebuerg, dat esou “einwanderfrëndlech” ass, ze onkompetent ass an eis am Stach geloss huet.

De Prozedur, mëng zukünftege Fra, mëng aktuell Verlobte, op Lëtzebuerg ze bréngen, huet am Dezember 2024 ugefaangen. Zu dësem Zäitpunkt hu mir de Prozess a Kapstadt, Südafrika, gestart. Laut der Websäit guichet.lu konnt si mat engem Kuerzzaitvisum op Lëtzebuerg kommen, wat eis erméiglecht hätt, Éis ze bestueden an fir si och no enger Zäit ze schaffen.

Bevir mir d’Dokumenter un déi belgesch Ambassade geschéckt hunn, hu mir missten bei eng extern Entreprise goen, déi eis Dokumenter iwwerpréift huet. All hir Dokumenter waren am Ordre, och e Dokument vun hirem Comptable, deen sie gebraucht huet, well si e Massage-Salon besëtzt huet. Mat allem, wat mir haten, waren mir prett, hir Visa-Candidature un d’belgesch Ambassade ze schécken. Während dem Kopiervirgang goufen mir awer informéiert, datt si d’Visum aus hirem Heemechtsland mussen maachen, net a Südafrika.

Mir hunn eis drop virbereet, an hir Heemechtsland, dem Zimbabwe zréckzekéieren, wou si schonn zënter Joren net méi gewunnt huet. Mir hu mat hirer Schwëster an engem klengen zwee-Zëmmer-Haus ouni Strom a sanitär Anlaagen gelieft, hir Schwëster an hiren dräi Kanner. Ech hu d’Äussenterministere zu Lëtzebuerg kontaktéiert, an et huet bestätegt, datt si e Kurzzäitvisum aus hirer Heemecht maachen kann. Ech hu souguer e Link vun der Websäit guichet.lu krut, deen dëst an der E-Mail bestätegt huet.

Wärend den éischte Méint am Joer 2025 hu mir d’Fuerderungen fir d’Hochzäit recherchéiert an erausfonnt, wat alles néideg war. Meng fréier Gemeng ze Lëtzebuerg, wou ech ze Letzt gelieft hat, war net ganz hëllefräich an huet mech op guichet.lu verwisen. Aus enger Äntwert vun guichet.lu gouf mir gesot, datt d’Gemeng fir d’Bescheinigung vum Non-Marriage zoustänneg ass. Et huet dräi Méint gedauert, bis d’Gemeng reagéiert huet, an déi Dokumenter aus hirer Heemecht a Afrika goufen endlech op méng aal Gemeng geschéckt. Si goufen refuséiert, well si op Englesch waren, nodeems mëng Mamm perséinlech dohi gaang ass an der Fra gesot huet, datt si de Bréif opmaachen soll!

Mir haten e Rendez-vous bei der franséischer Embassade am Mee, awer et gouf wéinst engerm Feierdag annuléiert, an mir konnten kee neie Rendez-vous bis September kréien. Zu dësem Zäitpunkt am Mee war meng Verlobte schon am drétten Mount schwanger. Am August hu ech si verlooss, fir eis Liewen ze Lëtzebuerg opzebauen (ech hat virdrun a Australien geschafft), wou ech schlussendlech als Sekretär an engem orthopädeschen Cabinet eppes fonnt hun.

Am September gouf hir Visum-Ufro refuséiert, well d’franséisch Embassade net gegleeft huet, datt si zréckkënnt. Wann ech probéiert hunn, Äntwerten vum Aussenministerium ze kréien, hu si mir gesot, datt dat net esou funktionéiert an datt si sech bei der belgescher Embassade zu Südafrika muss goen. Si hu mir souguer de selwechte Link vun der Websäit guichet.lu ginn, deen ech scho virdru kritt hat am Mäerz.

D´letzebuergesch Visum-Abteilung huet mir gesot, datt mir eis bestueden mussen, domatt si op Lëtzebuerg kënnt. Ech krut och d’Informatioun, datt kee Lëtzebuerger do eng Entscheedung fällt, dat gëtt ganz alleng vu Frankräich gemaach an der Embassade. D’Familljeministère huet mir gesot, datt dat e Problem fir d’Flüchtlingsdepartement ass. Mir haten en zweeten Rendez-Vous bei der franséischer Embassade am Oktober, deen och hir leschte Geleeënheet war, befir d’Gebuert stattfënnt. Do gouf si vun der Empfangsdam beleidigt, si huet annoncéiert, datt meng Verlobte erëm kéen Visum kritt, awer datt si gären d’ Sue akzeptéieren. Leider gouf d’Visum erëm refuséiert, dëst Kéier well si mëng Vaterschaft vun eisem Kand net glewen.

D´Unfechtung vun der Offleenung vum Visum huet och net funktionéiert. Mir häten dräi Wochen Zäit, fir e Bréif an Frankräich ze schécken, awer mir verléieren schonn eng Woch, well dat Visum an de zwee Wochen, wou mir op d’Äntwert an de Reesepass waarden, an der éischter Woch decidéiert gëtt. Ech hu mech och iwwert d’belgesch Embassade zu Südafrika informéiert an wollt wëssen, wéi mir do virgoen sollten, well no der Gebuert kann meng Verlobt schwéier e puer tausend Kilometer reesen, fir hir Reesepass ofzehuelen an eng Äntwert ze kréien, fir datt si op d’Lëtzebuerg kann kommen. D’Embassade huet mir op d’Websäit vum lëtzebuergeschen Aussenminister verwisen, an nodeems ech do duerchgeklickt hunn fir eng Äntwert ze kréien, krut ech eng - awer dovu muss ech d’belgesch Embassade zu Südafrika kontaktéieren!

Ech verstinn d’Bedenken vun der Franzéischer Embassade, awer ech verstinn se och net. Meng Verlobt huet am November eist Kannt krut, zwou Woochen virum Datum ewei geplangt, an ech misst am Dezember an hir Heemechtsland reesen, fir datt eis Kand eng Gebuertsurkund kritt, déi mech als Papp unerkennt. Komescherweis hun mir misse bei der hollännescher Embassade goen, net bei der franséischer, fir d’Gebuertsurkund beglaubegen ze loossen. Déi hun net moll gewosst, wou Lëtzebuerg läit an missten nofroen, op mir do bei hinnen richteg wäeren!

Et huet bis den 10. Februar gedauert, bis eist Duechter e Reesepass kritt huet, net déi duebel Nationalitéit, dat mir vum Ministère zu Lëtzebuerg gesot kruten. Ech waarden nach ëmmer op eng Äntwert vum Ministère am Bezuch op dës Saach, well si och eng beglaubescht Gebuertsurkund brauchen. Eng Äntwert fir d’Famillenzusammenféierung waarden mir nach ëmmer, elo am Abrëll. Soubal mir endlech de Bewäillegungsschreiwes kréien, musse mir nach e Rendez-vous bei der franséischer Embassade maachen, wat eis duebel Käschten erabréngt, well meng Duechter och als Auslännerin an den Aen vu Lëtzebuerg ugesi gëtt. An mir mussen hoffen, well elo den Summer Virun der Dier steet, dat mir nach een Rendez-Vous bei der Ambassade kréien. Letzt Joer, krutten mir keen vun Juni bis ereischt an den September een.

Ech hu meng Aarbecht wéinst dësem Albtraum verluer, well ech e Burnout an Depressioune kritt hat, ech war souguer an der Psychiatrie, an de Dokter – mäi Patroun – huet mech fir mäi Krankheetsgrond verspott an mir Schold ginn, krank ze sinn. Karma huet ee besschen zreckgeschloen; zumindest gouf hien an der selwechter Woch no senger Suspendéierung am Januar vum Spidol gekënnegt. Ech waarden nach ëmmer drop, datt méng Duechter an meng Verlobte zu mir op Lëtzebuerg kommen, elo wou ech erem eng néi Aarbecht hun an mech mat Anti-Depressiva duerchkämpfen.

D’Bürokratie an d’Inkompetenz zu Lëtzebuerg huet eist Zait kascht an eist Liewen entscheedend beaflosst an eis Rechter souwéi eis Zukunftschancen behënnert. Et ginn ëmmer erëm kloer Zeechen, datt d’bürokratesch Prozesser laangwäerteg, onflexibel an oft widerspriechlech sinn, wat eis an enger extrem belastender Situatioun erofhëlt. D’Verzögerungen bei der Visum-Ufro, déi Schwéierkeeten bei den Ministéren an Embassaden an d’Feelen vun der Ënnerstëtzung vun de Behörden hu net nëmmen eis perséinlech Pläng duerchkreest, mä och eist emotionalt Wuelbefannen staark beaflosst.

Et ass eng enttäuschend Erkenntnis, datt d’vermeintlech Effizienz an d’Sorgeffäegkeet Lëtzebuerg nëmmen eng Fassade sinn, hannenderm ginn e Mangel u Organisatioun an Mangel u Mënschlechkeet verstoppt. Et ass eng traureg Realitéit datt an engem Land, dat sech als fortschrittlech an frëndlech präsentéiert, d’bürokratesch Hürde fir Familljen wéi eis sou héich an onüberwindbar schéngt. Dës Erfahrung weist kloer, datt Laand nemmen deenen helleft, dei een Numm oder Suen hun. Mai ech sinn een Nobody, vergiess an verluer. An keen get eis dei Zait zreck.

*Den Numm vum Auteur ass der Redaktioun bekannt.

Back to Top
CIM LOGO