Jean BodenDauerthema "Mindestloun"

Lieserbréif vum Jean Boden
© RTL Grafik

D’Manéier vun de Gewerkschaften empfannen ech hei als problematesch. De Mindestloun ass ee sensibelt Thema, et betrëfft vill schaffend Leit. Hei ass jo, wéi bei ville Problematiken, de Käschtepunkt vum Logement d’Haaptursaach, fir datt déi betraffe Leit deelweis Problemer hu fir mat dem Mindestloun iwwert d’Ronnen ze kommen. Hei gräifen awer och eng sëlleg Mesurë vun eisem, dach performanten, Sozial System, respektiv steierlech Mesuren. Wann een dëst alles mat arechent, da gesäit et deelweis besser aus, wann et natierlech och net esou ass, datt een hei finanziell keng Problemer méi kréie kann. Och déi Ausso vun de Gewerkschafte sozial Moossname wieren Almosen, ass a mengen Aen, eng falsch a geféierlech Approche.

Et ass a bleift fir eis Gesellschaft eng Erausfuerderung fir jidderengem een dezent Liewen ze erméiglechen, awer dëst hei mordikus op eis Betriber ze fokusséieren, ass falsch. Vill betraffe Betriber packen esou eng staark Hausse net, ouni datt dann d’Präisser staark klamme vun hire Produit oder Servicer, oder wou dëst net méiglech ass, d’Gefor vu Faillitten dramatesch klëmmt an domat carrement och de Chômage. Betriber hunn natierlech eng Verantwortung een adequate Loun fir d’Aarbecht ze bezuelen. Mir hu ronn 70.000 Mindestloun Empfänger zu Lëtzebuerg, déi allermeescht hei am onqualifizéierte Beräich. Mir hunn also och ee Problem bei der Bildung an Ausbildung. Hei misst een och usetzen.

An natierlech misst eis Gesellschaft och bereet sinn, méi héich Präisser ze akzeptéiere fir eng ganz Partie vu Wueren a Servicer, wéi z.b. am Handwierk a bei Iesswueren. De Motto ‘Geiz ist geil’ däerf also net méi gëllen. Mir alleguer sinn also gefuerdert, hei natierlech och d’Betriber, d’Politik an och d’Gewerkschaften. Net ze vergiessen datt mir keng ‘Insel’ sinn, mee een Deel vun der EU, an dëst hei natierlech an eiser Groussregioun och Repercussiounen huet, also mir eis net just op eis fokusséieren däerfen. Et gëtt héich Zeit och am Sozial- an Aarbechtsberäich eng méi konsequent EU Politik ze maachen, also eng EU wäit Reglementatioun unzegoen, hei also méi Kompetenzen op EU Niveau.

Vill Erausfuerderungen, wou et gëllt konstruktiv an nohalteg Léisungen ze fannen, an dëst ouni Polemik.

Back to Top
CIM LOGO