
Datt elo e Gesetz géint Deepfakes a géint sexuelle manipuléierte Contenu agefouert gëtt, bléift ze begréissen a wierkt op den éischte Bléck als géif sech eppes doen. Mee wann een éierlech ass, da muss een awer soen datt et scho laang hätt misse selbstverständlech sinn. Well wat hei gereegelt gëtt, ass net nei. Digital Gewalt, d’Objektivéierung vu Fraen an d’Verbreedung vun intimem oder manipuléierte Material ouni Zoustëmmung existéieren zënter Joeren. An dacks hunn d’Politik an d’Plattformen einfach nëmmen nogekuckt an net gehandelt.
Virun allem Fraen a Meedercher si heivun betraff. Si droen hei d’Konsequenze vun enger digitaler Kultur, an där hire Kierper nach ëmmer als Objet betruecht gëtt. Den Contenu ass séier erstallt, séier gedeelt mee ganz schwéier ze läschen. Dat ass keng „Niewesaach vum Internet“, ma dat ass Gewalt. E Gesetz dofir gëllt also net als Bonus, mee et ass eng verspéit Reaktioun ob e Probleem deen scho laang Realitéit ass.
An och wann de politesche Wëllen elo endlech do ass, bleift eng wichteg Fro: Firwat ëmmer eréischt dann, wann de Schued scho geschitt ass?
Diskussiounen ronderëm de Fall Collien Fernandes hunn nach eng Kéier gewisen, wéi séier sexuell Inhalter am digitale Raum verbreet ginn an wéi schwéier et ass, Täter hannendrun responsabel ze maachen. Egal wéi een zu deem Fall steet, en weist e System, deen nach ëmmer net séier a konsequent genuch reagéiert.
Wat mir brauchen, ass net nëmmen méi Gesetzgebung, mee virop eng kloer Haltung: géint digital Gewalt, géint d’Normaliséierung vun der Objektivéierung, a géint eng Kultur, déi ëmmer erëm déi betraffen Affer selwer an d’Verteidegungspositioun drécken, also géint “Victim Blaming”.
Politik heescht net nëmmen ze schützen, wann et schonn ze spéit ass. Et heescht Präventioun, Sensibiliséierung, Educatioun a konsequent Verantwortung vun de Plattformen.
Wann d’Politik et eescht mengt, da dierf se net nëmmen reagéieren. Si muss an engem digitale Zäitalter endlech viraus denken.