Georges Schranz"Déi lescht Chance"

Lieserbréif vum Georges Schranz
© RTL Grafik

Dei lescht Chance?

E Saz, deen een vill ze oft héieren huet, fir en nach wierklech eescht ze huelen.
Well d’Wourecht ass vill méi banal a vill méi brutal: Eng Tripartite, an där kee méi dem anere vertraut, ass vun Ufank un zum Scheitere verurteelt.
Mir liewen an enger Zäit, an där Wierder ëmmer méi wäertlos ginn.
Jidderee schwätzt vu Verantwortung, Solidaritéit, Kompromëss.
Mee hannert de Kulissen dominéieren Mësstrauen, Egoismus an – dat muss ee kloer soen – och eng gutt Portioun Heuchelei.  An do kënnt eng einfach, mee onbequem Wourecht an d’Spill:

Celui qui commence à se sacrifier pour ceux qu’il aime finira par haïr ceux pour lesquels il s’est sacrifié.

Genee do läit de Kärproblem: d’Gewerkschaften, de Patronat, d’Regierung – jidderee fillt sech am Recht. Jidderee mengt, hien hätt scho genuch ginn. A jidderee waart drop, datt den aneren den éischte Schratt mécht. Mee dee Schratt kënnt net. Well et net ëm Léisunge geet – mee ëm Positiounen. An dofir ass déi sougenannt „lescht Chance“ wahrscheinlech guer keng Chance. Si ass éischter e Ritual. Eng Inszenéierung. Eng nei Ronn vum selwechte „Spill“. 
An do stellt sech schlussendlech eng Fro déi vill ze wéineg gestallt gëtt: Geet et hei wierklech nach ëm d’Wuel vun de Leit – oder just nach ëm Muecht, Image a politescht Iwwerliewen?  Wann Vertrauen feelt, ass all Dialog nëmmen Theater. An Theater huet nach ni eng Kris geléist.
D’Tripartite ass net déi „lescht Chance“.
Si ass vläicht nëmmen de leschte Beweis, datt mir verleiert hunn, éierlech mateneen ze schwätzen.

Back to Top
CIM LOGO