Jean LichtfousD'Leit vum Terrain ...

Lieserbréif vum Jean Lichtfous
© RTL Grafik

Wéi oft huet en dësen Ausdrock scho vun eise Regierungsmemberen an hire Majoritéitsdeputéierten, héieren. "Mir mussen nach vill méi op d'Leit vum Terrain lauschteren."
 
Des lescht hätten si d'Geleeënheet gehat, genee dat ze maachen. Do ass nämlech an der Chamber iwwer d'Motioun (Nummer 4798) debattéiert an ofgestëmmt ginn. Et goung drëm, déi aktuell Logements Situatioun als strukturell Krise ze gesinn, déi souwuel d'sozial Kohäsioun, wéi och déi ekonomesch Attraktivitéit géif menacéieren. An et sollt esou schnell wéi méiglech eng "task force" op d'Bee gesat gi mat alle betraffenen ëffentlechen a privaten Acteure fir eng global Strategie aus ze schaffe fir d'Logements Kris un ze goen a nohalteg d'Offer vu Logementer erop ze setzen. Als Argument dofir, ass ënner anerem op en oppene Bréif vun iwwer 50 Leit aus der zivil Gesellschaft un de Premier verwise ginn.
 
Do waren se also, "d'Leit vum Terrain", op déi sou gäre gelauschtert gëtt: Gewerkschaftspräsidenten Nora Back a Patrick Dury, Kulturschafend, Membere vun Associatiounen déi sech ëm Flüchtlingen a sozial benodeelegt Leit, këmmeren - fir der nëmmen e puer ze nennen, a souguer de Kardinol Hollerich.
 
An der Chamber haten d'Deputéierten den Text vun der Motioun gelies, an all woussten och ëm de Bréif. Dunn hunn awer all Deputéiert vun der CSV an der DP, déi dach sou gutt op d'Leit vum Terrain lauschteren ... mat NEE gestëmmt !
 
Et ass jo och nëmmen drëm gaang, eng Léisung ze fanne wéi d'Logements Kris kéint esou huerteg wéi méiglech geléist ginn - mat allen Acteuren aus dem Beräich. Em net méi, awer och net manner. 
 
Et géif mech nawell interesséieren, op wat fir aner Leit vum Terrain, datt si da gelauschtert hunn ?

Back to Top
CIM LOGO