Mil LorangE puer Gedanken zur terroristescher Attack op der Berliner Pride

Lieserbréif vum Mil Lorang

Et gëtt an eise fräien tolerante Gesellschaften net just eng (1) Form vu Rietsextremismus. Niewent de reng nationalisteschen, vëlkesch-rassisteschen a chrëschtlech-nationalen Ideologië gëtt et och nach déi islamistesch. 
 
Et muss ee just de Courage hunn, déi Ideologie an hir Ziler kloer ze benennen a politesch do anzeuerdnen, wou se muss ageuerdent ginn. Nämlech am fräiheets- an demokratiefeindleche politesche Spektrum, deen ee generell a pauschal als "Rietsextremismus" bezeechent.
 

KENG TOLERANZ MAT DER INTOLERANZ

 
Wann een dat mécht, ass ee keen Islamophob a keen antimoslemesche Rassist. Ok, wann een „Islamophobie“ wuertwiertlech géif huelen, nämlech als „Angscht virum Islam“, da kann ee soen, dass Leit, déi den Islamismus bekämpfen (esou wéi se déi aner Forme vu Rietsextremismus bekämpfen) mat Recht Angscht virun enger Variant (oder Interpretatioun) vum Islam hunn, déi grondleeënd onvereenbar ass mat eisen humanisteschen a fräiheetsorientéierten europäesche Wäerter. Genee esou wéi ee kann Angscht hu virun der vëlkesch-rassistescher Nazi-Ideologie oder z.B. dem chrëschtlech-nationale Faschismus, wéi en a Spuenie wärend der Franco-Diktatur bestanen huet, oder haut an den USA versicht Fouss ze faassen. An dat aus genee deene selwechte Grënn. Och dës Ideologië wëllen in fine eis gesellschaftlech Errongenschaften an eis fräiheetlech-demokratesch an humanistesch Wäerter, déi op dem Prinzip vun der Gläichwäertegkeet baséieren, ofschafen.

Et gëtt keen Ënnerscheed, ob e fundamentalisteschen Imam, e fundamentalistesche Paschtouer oder e fundamentalistesche Rabbiner an hire jeeweilege Priedegten z.B. soen, d‘Homosexualitéit wier eng Sënd. Esou Sätz si mat de Wäerter a Gesetzer an eise modernen demokratesche Gesellschaften onvereenbar a soen och näischt Generelles iwwer déi jeeweileg Relioun an hir onzieleg Stréimungen aus. D’Fro ass just, ob no esou Priedegten, Individuen sech beruff fillen, fir no den designéierte „Sënner" hirem Liewen ze truechten. An den USA fënnt ee problemlos och bei de radikale Chrëschte Leit, déi enger anerer Kategorie vun designéierte „Sënner“, nämlech Leit, déi aus wat fir Grënn och ëmmer eng Ofdreiwung maachen, un de Pelz wëlle goen.
 

KENG ASCHÜCHTERUNG ZOULOOSSEN

 
Villes wat an den ale reliéise Schrëfte steet, an aus der Antiquitéit staamt, ass, wann een et wuertwiertlech hëlt, net méi kompatibel mat enger evoluéierter mënschlecher Gesellschaft. Wann déi Gesellschafte wëllen iwwerliewen, da mussen se sech konsequent géint réckschrëttlech Iddie schützen. All d’Kanner sollten an de Schoulen zur Toleranz, zum friddleche Mateneen, zu engem oppene Geescht an zur Léisung vu Konflikter duerch Dialog erzu ginn. Kee Schüler a keng Schülerin soll aus dem Schoulsystem kommen (och net aus de Privatschoulen), ouni verstanen ze hunn, dass et an engem demokrateschen europäesche Rechtsstaat keng Gesetzer ka ginn, déi iwwer de Mënscherechter (an der europäescher Variant!), an iwwer eise rechtsstaatleche Verfassunge kënne stoen. Eis Enseignanten däerfen sech net aschüchtere loossen, egal wéi héich den Drock ass! Si mussen awer kënnen drop zielen, dass si net vum Staat a vun de politesch Verantwortlechen am Stach gelooss ginn.

FAZIT

Bei eis huet jiddereen d’Recht ze gleewe wat e wëllt an ze liewe wéi e wëllt. Als Bierger vun engem demokratesche Rechtsstaat ënnerleie mer alleguer just ENGEM Gesetz, virun deem mir Alleguer gläich sinn, onofhängeg vu Geschlecht, Glawen, Origine oder och nach Hautfaarf. Wien dat net kann akzeptéieren, soll sech eng aner Plaz op der Welt sichen an do glécklech ginn.

Back to Top
CIM LOGO