
Et gëtt reegelméisseg widderholl, sief et vu Gesondheetsorganisatiounen oder, wéi dës Kéier nees, aus dem Eck vum Klima- a Naturschutz:
den “European Scientific Advisory Board on Climate Change” – eng onofhängeg EU-Berodungsinstanz – recommandéiert a senger rezenter Analys eng substanziell Ännerung am Liewensmëttelsystem a betount dobäi explizit d'Fërderung vu méi gesond a klimafrëndlech Ernierungsformen.
Zitat aus dëser Analys: "Am Verglach zu den Ernierungsrichtlinnen vun de Memberstaaten an anere wëssenschaftlech baséierte Recommandatiounen, hunn d'Ernierungsgewewunneschten an der EU am Duerchschnëtt ze wéineg gesond planzlech Liewensmëttel an ze vill rout Fleesch […] D'Ausriichtung vun den Ernierungsgewunnechten un nohalteg Ernierungsrichtlinnen kéint net just de Klima- a Naturschutz ënnerstëtzen, ma och d'Gesondheetskäschten erofsetzen, wärend gläichzäiteg d'Klima-Upassung (aka Resilienz) gestäerkt gëtt, well gesond planzlech Liewensmëttel manner Ressourcë pro produzéiert Kalorie verbrauchen."
Scho wäit virun dëser Analys sinn den IPCC an d'EAT-Lancet-Kommissioun an eegenen Analysen dovun ausgaangen, datt de Fleeschkonsum an de räiche Länner besonnesch staark reduzéiert misst ginn – dacks ëm 30 bis 60 Prozent, wat aktuellen Empfielungen entsprécht.
Wat d'Ernierungsrecommandatiounen ugeet, hat de lëtzebuergesche Landwirtschaftsministère schonn eng Kéier Informatiounen doriwwer erausginn: genee virun zéng Joer - ënnert dem Minister Fernand Etgen - gouf iwwert den deemolegen “Portail Consommateur” en Depliant mat enger spezifescher Recommandatioun fir de Fleeschkonsum publizéiert. Mat Referenz op déi Däitsch Gesellschaft fir Ernierung (DGE) an dem “European Food Information Council” gouf deemols e Fleeschkonsum vun 300 bis maximal 600 Gramm Fleesch pro Woch recommandéiert. Leider ass dësen Depliant net méi online ze fannen. Interessant (!) ass dobäi ze bemierken, dass d'Recommandatioun vun der DGE méi spéit am Joer 2024 mat maximal 300 Gramm no ënnen ugepasst gouf. Déi aktuell Recommandatioun läit deemno substanziell ënnert där Grenz vun 2016. Kann dat de Grond sinn, firwat dat Dokument net méi ze fannen ass?
Wichteg ze widderhuelen ass, dass déi Recommandatiounen eng gesond Ernierung mat Klima- a Naturschutz verbënnt. An deem Kontext lount et sech dowéinst och drop hinzeweisen dass Lëtzebuerg sech ënner der Leedung vum Landwirtschaftsministère rezent en nationalen Aktiounsplang fir en nohaltege Liewensmëttelsystem ginn huet, dee bis 2030 ëmgesat soll ginn. E besonnesche Fokus soll dobäi op d'Fërderung vun enger equilibréierter Ernierung leien. Et voilà …
Den Depliant vun 2016 hat an deem Kontext schonn eng relevant Informatioun geliwwert. Eng aktualiséiert Reeditioun – firwat net a Kooperatioun mat den zoustännege Ministèrë fir Gesondheet a Klimaschutz - drängt sech mat den aktuelle Revendicatioune vum “European Scientific Advisory Board on Climate Change” an am Kontext vum neien nationalen Aktiounsplang fir en nohaltege Liewensmëttelsystem reegelrecht op.