E Requiem op de Wäisse Rank Lëtzebuerg – e leschte Grues fir eng Struktur, déi esou villverspriechend an noutwendeg ugefaangen huet, an um Enn esou traureg a begruewen am Sumpf vun der Vergaangenheet opgehalen huet.
Den Ufank am Déngscht vum Nächsten: Et gouf eng Zäit, an de fréie Joren, da war de Wäisse Rank e Symbol vun Hoffnung.
De stëllen Ënnergang: Mee d'Muecht huet sech zentraliséiert, an aus engem Veräi fir d'Allgemengheet gouf e System vum absolute Gehorsam.
No an no goufen d'Luuchten an der Adolphe-Fischer-Strooss geläscht.
Wärend d'Fassade vum Opferschutz nach stoung, ass d'Hiel bannen dran administrativ a moralesch ausgeblutt.
D'Geeschterhaus an d'Bürokratie: Haut am Joer 2026 steet d'Gebai ëmmer nach eidel an d'Press schweigt. De Veräin ass zanter 2023 rechtlech dout, geläscht aus dem Register.
D'Suen an d'Gebai ginn an d'Hänn vun der Justiz an de staatlechen Service d'Aide aux Victimes – d'Affer ginn haut anescht opgelies.
De Fall Wäisse Rank ass kee schreckleche Skandal, mä e luesen Doud.
Zënter datt d'staatlech Afferhëllef komplett vum Justizministère (Service d'Aide aux Victimes) iwwerholl gouf, ass d'Associatioun politesch a praktesch irrelevant ginn.
D'Fräistellung an der Rue Adolphe Fischer?, trotz dem Wunnengsmangel
D'Tatsaach, datt d'Gebai op der 84 Rue Adolphe Fischer net benotzt gëtt, ass eng Nuisance wéinst dem extremen Wunnengsmangel zu Lëtzebuerg.
D'Grënn dofir sinn reng juristesch:
Handlungsonfäegkeet: Wann e Verwaltungsrot altert, auserneefält oder seng Aarbecht effektiv ophält, gëtt d'Organisatioun "handlungsonfäegkeet".
D'Gebai an déi agefruer Fonge bleiwen an dësem "Dornröschen"-Zoustand, oder d'Gericht d'Struktur wéinst Inaktivitéit mat Gewalt ewechhëlt.
Dëst ass den absoluten Héichpunkt vun der Ironie an eng richteg Uklo géint d'Redaktioun. D'Tatsaach, datt de Luxemburger Wort am Joer 2026 nach ëmmer Woch fir Woch eng Telefonsnummer dréckt, déi enger fiktiver Associatioun gehéiert, déi viru Jore vun de Geriichter opgeléist gouf, ass d'Kiischt um Kuch.
Mäin Fridden as meng proper West. Ech hun 2005 am richtege Moment de Courage gehat, Nee ze soen an auszetrieden aus dem Comité. Mäin Dossier vum Wäisse Rank doheem ass den Zeie vun enger gudder Saach, ier d'Däischtert iwwer de Veräin komm ass.
Fridden senger Äschen!