Georges Schranz„Ennzäit-Stëmmung – mat Pauken an Trompéiten oder Drohnen a Rakéiten?“

Lieserbréif vum Georges Schranz
© RTL Grafik mat AFP

D’Lieser vun onsen Dageszeitungen konnten sech dës Deeg dovun iwerzeegen datt dem Vladimir Putin seng Siegesgewëssheet trotz wuessender Krichsmiddegkeet ongebrach as. Dës Noriicht ass nëmmen eng vun de villen Manifestatiounen vun engem vill méi grousse Problem: dem Mënsch sengem onermiddleche Glawen, hien kéint d’Natur, d’Geschicht an d’Zukunft no sengem Wëlle beherrschen.

Wéi kann d’Mënschheet sech iwwer Victoiren, Grenzen a Muecht streiden, wann d’Grondlage vum Liewen selwer ëmmer méi a Gefor geroden?
Et kann een emmer nemmen widderhuelen: D’Äerd gehéiert eis net. Mir sinn nëmme Gäscht op Zäit. Si war virun eis do a wäert och no eis nach existéieren - virausgesat, mir hale geschwënn op, se weider ze zerstéieren.

Un Iech, all déi vum Muechtwahn a Gréisstewahn verblenn d‘ Staats-a Regierungsmeeschteren, an un eis all, Biergerinnen a Bierger, déi ze dacks aus Gläichgëltegkeet oder Bequemlechkeet ewechkucken: D’Zäit vum Egoismus ass eriwwer. Elo ass d’Zäit vum Bewosstsinn a vun der Verantwortung komm! Ënnert dem endlosen Awierken vun eiser sougenannter Zivilisatioun verschwannen d’Bëscher, d’Mierer, d’Äiskappen an déi fragil Gläichgewiichter vum Liewen, vun deene mir selwer ofhängeg sinn.

Wei eng Wäisheeten bleiwen ons nach, wann onsen Honger no Muecht, Wuesstem a Konsum genau déi Schéinheeten zerstéiert, déi ons Existenz iwwerhaapt erméiglechen?

Et ass Zäit, mam Glawen un onendleche Wuesstem, blanne Nationalismus an ongebremst Muechtstriewen ze briechen. Et ass Zäit, Verantwortung, Bescheidenheet an Zesummenaarbecht als déi eenzeg glawwierdeg Form‘ vu Gréisst unzeerkennen.

D’Biodiversitéit ze schützen, eis Biedem, eis Flëss ze erhalen, ass keng politesch Optioun méi, et ass eng Liewensnoutwenndegkeet.

Un all déi, déi regéieren, riichte mir eng einfach Botschaft: Är Berechnunge wäerten ni méi wert sinn ewéi e Flillekeschlag. Är Grenzen wäerten weder Stuerm nach Dréchent ophalen.

Dëst Bekenntnis ass keng Petitioun! Et ass eng Erënnerung: Mir sinn net Spectateuren, mee Verantwortungsträger. Mir sinn net Proprietären, mee just Verwalter op Zäit.

Fazit: Eng Drohnenmauer kann Zaldoten ophalen. Mee wéi eng Mauer wäert d’Klimakris ophalen, déi mir mat all weiderem Krich, all weiderer Zerstéierung an all weiderem Joer vum „je m’en fiche“ beschleunegen?

D’Äerd brauch keng Gewënner. Si brauch Verantwortung.
Well op engem zerstéierte Planéit gëtt et um Enn keng Gewënner méi.

„Am Numm vun alle Mënsche vu guddem Wëllen, mat grousser Suerg an nëmme wéineg respektvollen Gréiss un all Diktatoren a politesch Brandstëfter vun dëser Welt.“ 

Back to Top
CIM LOGO