
Ja, waat maachen ech dann nëmmen falsch? Anscheinend gëllt Sympathie, Empathie, Toleranz, Frëndlechkeet, Moral an sech un Regelen haalen net mei als Respekt.
Anscheinend as et mei einfach engem friemen Star nozehimlen, wei engem Obdachlosen eng Fläsch Waaser ze kaafen oder Breitschen. Wësst der den Ënnerscheed? Een den Milliounen iwert Kontrakter vun Reklammen verdengt an Konzertsticketen den as genau esou en Mënsch wei en Obdachlosen. Den Ënnerscheed den Eem huet Suen sech epes z'iessen ze kaafen an deen aneren net.
Perseinlech as all Obdachlosen fier mech en Rockstar, well fier all Daag obzestoen an sech wei Dreck behandelen ze loossen an net ze wëssen obste haut genuch hues fier epes z'iessen ze kreien as vill mei Ustrengend wei op enger Bünn hin an hier ze hopsen
Bei rout weider ze fueren obwuel eng Famill probeiert iwert Strooss ze goen, fier eng Minute eischter ob der Aarbescht ze sinn, während Mam probeiert dei 3 Kanner zereck op den Trottoir ze zéien um Wee fier an Schoul. Daat een nennt sech Respekt an Erzéiung an dem se op Luucht gedreckt huet fier hieren Kanner bäizebréngen daat een bei Stroossen soll oppassen.
Och wann vill Léit et net esou wouerhuelen, all Persoun déi bei Rout stoen bléift oder ob den Knäppchen dreckt, daat as en Ausdrock vun Respeck vum Foussgänger vis-à-vis zum Autoschauffer, et as eng Ofsécherung fier sech an dem Géigeniwwer. Next kéier sot einfach mol Merci wannt Luucht Rout gëtt an sot aerch : Weinst daer rouder Luucht geet et maer gud an ech kommen gesond ob der Aarbescht un.
Eppes as iwerall op der Welt Gratis, wësst der wat daat as? MERCI, MOIEN, PARDON AN GAERGESCHITT, et sinn puer einfach Wierder, dei sinn esou einfach an kaschten näischt, et muss een sech interesseieren. Et as wierklech traureg wei weineg een eng Äntwert kritt, an do daerf jiddereen sech selwer an de Spigel kuken an iwerleen weini en fier d'lescht enger Persoun op der Strooss Moien gesot hudd oder en gudden Daag gewënscht hudd.
Hëllefsbereetschaft, daat heescht jo mam Handy Filmer maachen vun der Persoun dei grad medizinesch Problemer huet, an dei Léit dei wellen hellefen net bailossen, dann nach domm Kommentaren iwert Persoun maachen well se ennert sech gemaach huet an dono den Film op TicToc setzen gel? An dei Léit dei eng Ambulance wellen rufen an keen Telefon hun dei däerfen och net main huelen, well daat as jo schließlech en Alkoholiker oder en Obdachlosen...
Ech hun daer Geschichten zu Dotzend hei am Land heieren. Vun aal bis jonk, fierurdeeler, leiwer filmen an kuken wei hëllefen.
Fier jiddereen deen et schon eng keier gemaat huet an desen text liest: Daer gehéiert an en Prisong daer sid keng Menschen mee Déieren, dei hier Mënschlechkeet schon laang ofgin hudd.
Fier dei aaner wann der esou wait faalt, as et ze spéit, dann kann keen aerch hëllefen erauszefannen waat Respekt as.
- Menschewerter
- Manéieren
- Regelen
- Toleranz
- Sympathie an Empathie
- Nolauschteren
- Frendlechkeet
Geigeniwer
- sengen Matmënschen
- Déieren
- Natur
Menger Meenung as bei jidderengem nach Platz fier un sengem Respekt ze schaffen.
Waat respektlos as wann een all dei Saachen aus Muttwëll mecht, mee fier daat ze beuerteelen musst der léieren Gedanken ze liesen. Esouwäit ech wees kënnen Mënschen daat net, also régen mer eis weider driwer op daat Léit respektlos sin obwuel mer et wahrscheinlech selwer och heinsdo sin
RESPEKT AS NET
wann een dei Saachen aus Angscht virun den Konsequenzen oder enger Persoun mecht
Gid aerch weg Hëllef sichen an esou Fäll