
Mir liewen haut an enger Zäit, déi markéiert ass vun enger grousser Ëmbrochstëmmung. Emol sinn et Rietspopulisten, emol Lénkspopulisten, déi eis Errongenschaften am Beräich vun der europäescher an internationaler Kooperatioun a Fro stellen. Dobäi geréit besonnesch d’Globaliséierung vun der fräier Maartwirtschaft ëmmer nees an de Viséier vun de Populisten a gëtt fir absolut alles verantwortlech gemaach, wat an der Welt schif leeft. Besonnesch an de westlechen Demokratië kommen ëmmer méi Stëmmen op, fir sech nees ofzeschotten, an dat mindestens am lénke politesche Spektrum virun allem wéinst der Klimakatastroph.
D’Populiste setze falsch Verspriechen an d’Welt, a punkten domat besonnesch bei jonke Leit, déi dacks wéineg Anung hu wéi d'Finanzmäert, de Welthandel, d’Interdependenzen, d’Finanzéierung vu groussen Investitiounsprojeten an d’Zukunft, etc., an der Praxis fonctionéieren. Si wëssen dacks och wéineg iwwer d’international an d’europäesch Organisatiounen, déi d‘globaliséiert Maartwirtschaft begleeden a versichen ze reguléieren. Mir a West- an Nordeuropa hunn z.B. trotz kapitalisteschem Wirtschaftssystem et fäerdeg bruecht, fir en zolitte Sozialstaat opzebauen a fir déi anarcho-kapitalistesch Kräften, déi et ëmmer scho gi sinn an nach ëmmer gëtt, duerch konsequent Reguléierung ze bändegen. Eis Länner sinn och fuerend am Beräich vun der Ëmweltpolitik a vum Naturschutz, och wann nach vill, vill méi misst gemaach ginn. Awer och eis Länner kënnen hir Zukunft nëmmen als Deel vun enger grousser Unioun vu Staaten, der EU, sécheren.
Eise Wirtschaftsmodell ass wäit vu perfekt, mä eng seriö Alternativ ass néierens a Siicht. Wat iwwer 80 Joer lues a lues am Beräich vu grenziwwergräifender an internationaler Kooperatioun opgebaut ginn ass, kéint ganz séier zerschloe ginn, wann an e Puer grousse Länner gläichzäiteg déi Falsch un d’Muecht géife kommen. D’EU kéim scho ganz schéin un d‘Wackele wann an eisem Nopeschland Frankräich géif d’nächst Joer entweder d’Marine Le Pen oder de Jean-Luc Mélenchon un d’Muecht bruecht ginn. Mir gesi grad wat an den USA an a verschiddene südamerikanesche Länner am gaangen ass. A mir gesinn am UK wat d'Konsequenze vum Brexit sinn.
De Sozialismus a senger orthodoxer Versioun kann net an engem Land eleng fonctionéieren
Schonn am 19. Joerhonnert haten d’Ideologe vum Kommunismus verstanen, dass de Kapitalismus global ausgeriicht war an dass et kee Sënn géif maache, fir e just an engem Land ze bekämpfen. Duerfir konnt fir Marx an Engels déi ugestriefte proletaresch Revolutioun nëmme gelénge, wann se an de groussen Industrielänner géif gläichzäiteg stattfannen. Duerfir hunn si am Kommunistesche Manifest opgeruff „Proletarier ALLER LÄNDER, vereinigt euch!“. Och an der jonker Sowjetunioun huet déi Fro d’Führer vun der Revolutioun beschäftegt a schliisslech zum Broch tëscht dem Stalin an dem Trotzky gefouert. De Stalin huet entgéint dem Revolutiounsverständnis vum Trotzky d’Doktrinn vum „Sozialismus an engem Land“ versicht duerchzesetzen. Mam Resultat, dat mir kennen.
Wat virun iwwer Honnert Joer wouer war, ass haut nach dausend Mol méi wouer!
"D'Weltwirtsxhaft ass e groussen Ozean, aus deem et keen entkomme gëtt"
An dat huet och de Leader vun der gréisster kommunistescher Partei an der Welt, den Xi Jinping, verstanen. Hie warnt scho säit laanger Zäit virum Gëft vum Protektionismus. Z.B. huet hien am Januar 2017 um Weltwirtschaftsforum zu Davos gesot:
"Que cela nous plaise ou non, l'économie mondiale est un vaste océan dont on ne peut s'échapper. Tout effort visant à entraver la circulation des capitaux, des technologies, des produits, des industries et des personnes entre les économies ou à tenter de ramener les eaux de l'océan vers des criques et des lacs isolés n'est tout simplement pas réalisable."
"Personne ne sortira gagnant d'une guerre commerciale."
"Face aux opportunités et aux défis de la mondialisation économique, la bonne chose à faire, c'est de saisir chaque opportunité, répondre ensemble aux défis et fixer un bon cap à la mondialisation économique".
De Schlëssel zu eiser gemeinsamer Zukunft als Mënschheet kann nëmmen an der KOOPERATIOUN leien!