Christian HermesKlimakris

Lieserbréif vum Christian Hermes
Direkt mol een Disclaimer: dest ass keen Versuch déi mënschengemaachten Klimaverännerungen ze dementéieren!
© RTL Grafik

Waat ass eng Kriis? Eng Kriis ass fir mech een zäitlech begrenzt Evenement. Als Infirmier kennen ech beispillsweis epileptesch Krisen, oder och den Zipperlein, daat den Fransous "crise de goutte" nennt. Am Fall vun der Epilepsie hun mer eng Dauer vun Sekonnen oder Minuten, aaner medezinesch Krisen daueren e puer Deeg, oder Wochen.

Och soss Krisen sin zäitlech begrenzt. Eng Banken-, Boursen- oder politesch Kriis kann mol e puer Joer daueren. Also fir een Menschenliewen iwwerschaubar.

An d'Klimakriis? 

Je no Modeller ass et jo verschidden. Vu dass ech mat bal 50 Joer eischter pessimistesch sin, huehlen ech mol un dass mer et ereischt fir 2100 schaffen weltwäit +/- klimaneutral ze gin, oder eis Emissiounen op d'mannst op den Niveau vun virun 1990 eroofzesetzen; wann iwwerhaapt! 

Och dann bleiwt den CO2 deen mär an d'Loft blosen nach honnerten Joeren an der Atmosphär.....HONNERTEN JOEREN. An vun den Konsequenzen schwätzen ech mol net. Den Mieresniveau, deen bis an d'2300-Joeren klammen wäert, brauch dausende Joeren fir nees ze faalen.

Wei eng Kriis dauert esou laang? Also stellen ech mär des Fro: ass deen Begreff Klimakriis just eng "Verniedlechung"? Wei alt gäeren mat Kanner geschwaat get, am Genre: "Lo iess brav deng Zeppchen, wäsch deng Zänni'en an dann seier an d'Heia....!"

Lenkt den Begreff Klimakriis net vun den dramateschen Verännerungen of, dei desen Planéit an all seng Ökosystemer elo an fir dei  neeckst 10 bis 50 Generatiounen wäert duerchliewen? 

Hautdesdags analyseieren an studeieren jo Historiker, Soziologen an Psychologen an den Archiven d'Verhalen vun eisen Urahnen aus beispillsweis dem Mettelalter. Wei wäerten Verhaalens- an Geschichtsfuerscher am Joer 2500 iwwert eis denken?

Fall gesaat an get am Joer 2500 nach eng Zivilisatioun....

Back to Top
CIM LOGO