Marc RuppertProst: Op 700.000 Awunner

Lieserbréif vum Marc Ruppert
Et ass Paradox: Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee iergendwéi huet een dat komescht Gefill, dass eppes „gehierlos“ schif leeft.
© RTL Grafik

Et si ronn 25 Joer hier, dass de Jean Claude Juncker ugekënnegt huet, dass Lëtzebuerg vun deemools ronn 400.000 op 700.000 Awunner géif wuessen. Et war eng Entwécklung, déi déi grouss Parteie wollten. Bis haut.

Parallel dozou ass d´Unzuel vun de Frontaliere vun 88.000 op 240.000 geklommen. Et ass eng Entwécklung, déi déi grouss Parteie wollten.
Fir eise Gesondheetssystem ze verbesseren, fir eise Pensiounssystem ze erhalen, fir eis Infrastrukturen ze finanzéieren.
An d´Realitéit?

Jo, den Duerchschnëttsverdéngscht vun de Lëtzebuerger ass an d´Luucht gaangen, genausou awer och d´Liewenskäschten a virun allem de Logement frësst de Verdéngscht vu villen Leit op.

Jo, et goufe Klinicke gebaut, genausou sinn d´Waardezäiten awer trotzdeem an d´Luucht gaangen.

Jo, et goufe Stroosse gebaut, Zich an (nees) een Tram kaf. Genausou sinn d´Zäiten déi een am Stau steet massiv eropgaangen.

Jo et goufe Crèchë gebaut an Elteren ënnerstëtzt fir zu 2 schaffen ze goen. Genausou sinn awer Familljen haut net mei glécklech wéi viru 25 Joer.

Jo de Pensiounssystem gouf laang Zäit vum Wuesstem gefiddert? Mee genausou trefft en haut trotzdeem u seng Grenzen.

An eisen Zesummenhalt an der Gesellschaft, eis sproochlech Identitéit an eis Wäerter?

Et ass d´Gefill, dass dee Wuesstem, deen den JCJ ugekënnegt huet an déi 3 grouss Parteie wollten, eis iergendwéi net mei glécklech gemaach huet. Am Géigendeel. Seriö alternativ Proposen wéi ee manner oder anescht kéint wuesse gouf et aus der Oppositioun awer och net.

An sou bleift fir déi grouss Majoritéit d´Gefill, dass sou munches schif gelaf ass um Krautmaart.

An firwat? Well et u laangfristege Pläng feelt fir dëst Land. Well et u politescher Wäitsicht feelt. Well Politik vu Walen zu Walen handelt an denkt. Well ee bereet war villes wat mir haten a mat deem mir glécklech waren opzeginn, fir de schnelle Wuesstem.

An d´Léisung? D´Politik wäert seech net änneren. Gëschter hunn di Rout matgemaach an der Regierung, haut kritiséieren se d´Regierung a muer géifen se et nees genau sou maachen. Gëschter hunn déi Schwaarz dat Gielt vum Ee versprach, haut kachen se mam nämmlechte Waasser wéi déi aner Parteie virdrun.

Mir brauchen dofir Verännerungen am System. Mir brauchen eng Zukunftskommissioun no finneschem Virbild. Net fir de Wuesstem ze verhënneren, mee fir en esou ze plangen, dass de Wuesstem dat erhält wat eis ausmëscht, erlaabt dat ze bleiwe wat mir sinn, a gläichzäiteg esou ze wuessen, dass Problemer geléist ginn an sech net verschäerfen.

Fir dass mir eis d´Zukunft net schéin drénke mussen. Prost Jean Claude.

Back to Top
CIM LOGO