
Här Premierminister,
No Ärer Ried zur Lag vun der Natioun stellt sech eng zentral Fro: Wéi definéiere mir haut nach wirtschaftleche Wuelstand, sozial Sécherheet a Wuelbefanne fir jiddereen?
Menger Meenung no baséiert all stabil Gesellschaft op véier Pilieren: fräi Entreprisen, Schutz vun den Arbeitnehmer, fair Aarbechtsbedingungen an eng wierklech sozial Matbestëmmung.
Trotz positive Wirtschaftsindikatoren bleift d’Veronsécherung am Land grouss. Rekordinflatioun, Energiekriss an d’laang festgefueren Diskussiounen an der Tripartite hu Spueren hannerlooss, souwuel bei de Stéit genee esou wéi bei den Entreprisen. Vill Leit hunn den Androck, datt ëmmer méi diskutéiert, mee ëmmer manner decidéiert gëtt.
Dobäi gesäit een an all Entreprise: E gutt Betriebsklima entsteet nëmme wann Verléisslechkeet, Vertrauen a kloer Perspektive bestinn. Planungssécherheet ass net nëmme fir d’Patronat entscheedend, mee och fir d’Mataarbechter an hir Familljen.
Natierlech sinn Gespréichsronnen, Kompromëssvirschléi a sozial Mesuren néideg. Mee d’Tripartite däerf net zu engem Dauerzoustand vu Blockaden a politeschem Taktéiere ginn. Regierung, Patronat a Gewerkschafte mussen erëm gemeinsam Léisunge fannen, déi wirtschaftlech Leeschtung, sozial Gerechtegkeet a gesellschaftlech Stabilitéit matenee verbannen.
De soziale Fridden ass keng Selbstverständlechkeet. Hie muss all Dag nees duerch Respekt, Dialog a Verantwortung verdéngt ginn.
Här Premierminister, vill Bierger zielen drop, datt d’Tripartite erëm zu engem Instrument vum Fortschrëtt gëtt, an net zu engem Symbol vun Onsécherheet a Stillstand.
Mat respektvolle Gréiss,
Georges Schranz