Georges Schranz"Vëlo- a Bommeleeër- Syndrom?"

Lieserbréif vum Georges Schranz
© RTL Grafik

Am Zesummenhang vun engem Kapitel, dat Lëtzebuerg schons iwert 40 Joeren a Bann hält, an nach emmer keng definitiv Opkläerung a Siicht as, erennert d‘Letzebuerger Wort ons, den 26.03.2026, op zwou Säiten un d’Bommeleeër-Affär’!

Interessanterweis féiert dës Erënnerung indirekt och zu engem anere Sujet, deen zanter bal zwee Joerzéngten ëmmer nees opkomm ass: de Velodrom.
Schons 2010, bezüglech mengem perseinlechen Lieserbréif - “Kloertext“ a Saachen Velodrom“, huet sech e selwerenannten “Bommeleeer“ zu Wuert gemeldt, a geteint: “Sollt e Velodrom je gebaut gin, da gin ech erem aktiv, a sprengen en an d‘Luucht!!“

En aaneren “sans gene“, schreiwt ennert “de Cycliste“, e wonnerscheint Bild vum onvergiessenen Moler Jos Kutter: “Deck Muskelpäck - klengt Gehir!“
Entschellegt, mee mei domm geet net!

Deemools war d’Iddi vun enger Vëlospist net nëmmen e sportleche Projet, mee et wor och mat engem Terrain verbonnen, dee symbolesch an och geigenständlech - Dreckstipp zu Ceisseng an de ganzen “Dreck“ an der Bommeleeer-Affair - duerch dës Affär belaascht wor! Vill gouf ugekënnegt, vill diskutéiert - mee laang Joeren ass näischt geschitt.

Haut gesäit d’Bild anescht aus: De Velodrom zu Mondorf ass am Bau.

Eng Investitioun vun iwwer 100 Milliounen Euro, eng vun de gréisste Sportinfrastrukturen am Land get gebaut! Wat deemools nach als Verspriechen gegollt huet, gëtt elo konkret Realitéit an et gesäit aus wei wann, zumindest des “Never Ending Story”, elo endlech un hir Destinatioun kent! An dach bleift eng Fro: Firwat huet et esou laang gedauert? Entre-temps hu Generatioune vu Coureuren hir Carrièren längst ofgeschloss, ouni jeemools vun esou enger Infrastruktur profitéieret ze hun!
Lëtzebuerg huet weltweit, haptsächlech am Radsport, matt monumentalen Victoiren, dem Ländchen onvergiesslech Meriten geschaafen, mee iwert d’Strukturen, an der Form vun enger Piste, as nie wierklech diskuteiert gin!

Och wann vill Sportsfrenn dergeint sin: E Velodrom, oder “Piste”, ass definitiv kee Prestigebau, a la “Stade de Luxembourg”!
An am Kontext vun den nationalen Infrastrukturen a Finanzen: Ons Cyclisten, kreien souwisou emmer daat klengsten Steck vum “Kuch”!

Am Endeffekt bleift eng einfach Feststellung:
“D’Velodrom-Syndrom: spéit geheelt - mee geheelt.”
“D’Bommeleeër-Syndrom: ni geheelt - an och net geschwënn.”

Back to Top
CIM LOGO