Claire GutenkaufWien an der Stad schafft, kënnt net laanscht den Tram oder Obdachloser laanscht

Lieserbréif vum Claire Gutenkauf
© RTL Grafik / Shutterstock

Ech sinn erzunn ginn, enger eelerer Persoun mäin Sëtz ze ginn, ob Bus, Zuch oder Tram. Ech hunn dat och ëmmer gemaach, bis virun 2 Joer wei ech fir d'éischt Kéier vun enger eelerer Fra am Tram ugebrëllt gi sinn. Doropshin sinn nach weider 5 eeler Frae komm, deen ech mäi Sëtz wollt ginn, well se net stabil waren an méi al wéi ech waren. 

Den Tipp um Äisbierg war en eeleren Här, dee mat enger Kretsch an den Tram geklommen ass a mech bal ugegraff huet, well ech em meng Plaz ugebueden hunn. 

Mëttlerweil bléiwen ech stuer setzen. Ech brénge mech net a Gefor, fir enger eelerer Persoun hier Éier ze schützen. 

Dann kafen ech léiwer den Obdachlosen eppes z'iessen oder ze drénken.

Back to Top
CIM LOGO