
An der Woch vum 12. bis den 18. Dezember waren 1.464 Persoune positiv getest ginn, dovun 1.110 net déi éischte Kéier. Déi Woch virdru waren et nach 1.440 Fäll an 980 Reinfektiounen.
Bannent der leschter Woch waren och fënnef Doudesfäll a Relatioun mam Covid-19 ze bekloen. D’Altersmoyenne vu Covid-Doudegen läit bei 79 Joer.
39 Persoune koumen d’lescht Woch wéinst hirer Covid-Infektioun an d’Spidol, géint 26 d’Woch virdrun an d’lescht Woch war 1 Patient intensivmedezinesch traitéiert ginn.
An der Woch vum 12. bis den 18. Dezember goufen 1.105 Dosisse vum Corona-Vaccin gesprëtzt. 15 Persoune kruten eng éischt Dosis. Zu Lëtzebuerg hu 474.884 Persounen e kompletten Impf-Schema. Dat sinn 79 Prozent vun der Populatioun, déi ka geimpft ginn.
Den Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg an der Stad ass temporär vum 24. Dezember bis den 2. Januar d’nächst Joer zou.
Dofir geet den 23. Dezember e Pop-Up Impfzenter um Belval op der éischter Etage vum Akafszenter op. Dee wäert all Freiden vun 10 Auer moies bis 4 Auer owes op sinn, ausser den 30. Dezember.
Iwwerdeems dierfen d’Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur, déi an der Preretraite waren, bis Enn Mäerz 2023 weider schaffe goen, ouni dass dat sech negativ op hir Indemnitéiten auswierkt. Dës Ausnam, déi am Kader vun der Covid-Pandemie agefouert gouf, fir dem Personalmanktem an dëse Beruffer entgéint ze wierken, gouf en Donneschdeg de Mëtten an der Chamber verlängert, d’Gesetz gouf eestëmmeg ugeholl.