CGDIS1 Blesséierten no Accident zu Miersch

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie géint 10.20 Auer ass an der Rue Lankheck en Auto an e puer geparkte Gefierer gerannt.

Wéi de CGDIS mellt, gouf dobäi 1 Persoun verwonnt. Op der Plaz war d’Ambulanz aus der Fiels an d’Pompjeeë vu Miersch.

Zu Diddeleng an der Route de Boudersberg koum Damp aus enger Schoul, et ass awer kee blesséiert ginn. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vun Diddeleng an de CIS vu Keel.

Back to Top
CIM LOGO