Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer, 229 Positiver bei 3.196 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 904 läit.
© RTL

Aktuell si 70 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 19 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.017.782 Impf-Dosisse genotzt. 4.345 Leit sinn e Méindeg geimpft ginn.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 57,83 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 25,64 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO