Mir hu mat zukünftege Juristen um Aneld Career Day iwwert hir Zukunftsperspektive geschwat.
Raus aus der Theorie a ran an d‘Praxis. Op der Foire de Recrutement vun der Droitsstudenten-Associatioun ANELD konnten d‘Studenten éischt Kontakter fir hir berufflech Zukunft knäppen. “Lëtzebuerg ass bekanntlech d‘Finanzplaz. Déi international Boîte lackelen dann och vill Studenten aus den Nopeschlänner op de Kierchbierg. Fir beim Employeur eng gutt Impressioun ze maachen, ass nieft der Qualifikatioun och d’Perséinlechkeet wichteg”, erkläert den Helder Gachineiro, President vun der ANELD.
Ma och fir d‘Studenten ass et wichteg, dass d‘Aarbechtskonditiounen den eegenen Erwaardungen entspriechen.
Fir säin zukünftegen Employeur besser kennen ze léieren, kann e Stage also de richtege Wee sinn. Eng 15 Cabinete waren dann och op der Plaz, fir mam Nowuess an d‘Gespréich ze kommen.