Nuecht am Arrest verbruecht1 Stonn laang bei Haiser geschellt a Miwwelen an d'Strooss gestallt

RTL Lëtzebuerg
Zu Diddeleng huet d'lescht Nuecht géint 5 Auer en alkoholiséierte Mann d'Awunner an der Avenue Grand-Duchesse Charlotte eng Stonn laang wakereg gehalen.
© RTL

Wéi d’Police mellt, wieren d’Beamte géint 4.50 Auer vun Awunner informéiert ginn, datt e Mann zanter enger Stonn willkürlech bei Haiser an der Avenue Grand-Duchesse Charlotte géing schellen. Op der Plaz sinn d’Polizisten op e jäizende Mann getraff, deen antëscht Still an Dëscher an d’Strooss gestallt hat.

Well den alkoholiséierte Mann sech net berouege gelooss huet, huet hien d’Nuecht missen am Passagearrest verbréngen.

Back to Top
CIM LOGO