
D’Police huet eis op Nofro confirméiert, datt effektiv bei der Kräizung vum Boulevard Royal an der Avenue Monterey ee Kand vun engem Policewon ugestouss gouf. Dat 12 Joer aalt Kand gouf an d’Spidol bruecht, ma schro Blessuren hätt et net dovu gedroen, esou d’Police op Nofro.
Zum Zäitpunkt vum Accident waren d’Beamten an engem Asaz. Fir ze klären, wéi et zum Accident tëscht dem Policewon an dem jonke Foussgänger koum, goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.