Coronavirus zu Lëtzebuerg179 Neiinfektiounen an 147 Reinfektioune bei 1.282 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 op 1.171 geklommen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 38 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. D’Santé mellt 179 Neiinfektiounen an zousätzlech 147 Reinfektionen. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.477 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 32 waren ergänzend Dosen. Eng éischt oder zweet Dosis krut keen.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO