Recensement am Oktober 2022197 Persounen ouni Daach iwwer dem Kapp an der Stad

Annick Goerens
Et war déi éischte Kéier, dass sou ee Recensement gemaach gouf. 66 Leit waren dofir an de 24 Quartieren an der Stad ënnerwee, fir d'Sans-abrien ze befroen.
© RTL-Archiv

Zejoert goufen 197 Leit ouni feste Wunnsëtz an der Stad Lëtzebuerg gezielt. Dovunner waren der 142 ganz op der Strooss, 38 an enger sougenannter Structure d’Urgence, wéi an engem Nuetsfoyer, a 17 an engem Spidol. 83 Prozent sinn aus der EU, wouvunner nach emol 24 Prozent déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. 58 Prozent liewen zanter iwwer engem Joer op der Strooss. E weidere Constat ass, dass vill méi Männer op der Strooss liewen, wéi Fraen: Ënnert de gezielte Leit waren 169 Männer an 28 Fraen.

Recensement de la Rue
An der Stad goufe Sans-abrien befrot, fir sech eng Iwwersiicht iwwer d’Situatioun ze maachen.

Well dësen awer just op engem Dag gemaach gi wier, missten d’Resultater och just als Momentopnam ugesi ginn, heescht et vun der Associatioun Inter-Actions, déi um Recensement bedeelegt waren. Vun den 197 Leit hu sech och 130 dozou bereet erkläert, ee Questionnaire mat Froen auszefëllen. Zil heivunner wier et, d’Populatioun besser kennen ze léieren.

Am Questionnaire goufe verschidde Facteuren erfaasst, fir kënne méi iwwer d’Hannergrënn a Bedierfnesser vun de Betraffenen erauszefannen. D’Altersmoyenne vun de befrote Leit louch bei 42 Joer. Déi Altersgrupp, déi awer am meeschte representéiert war, ass tëscht 46 a 50 Joer.

Ma och den Zäitraum, wéi laang d’Leit schonn ouni feste Wunnsëtz sinn, war vu Bedeitung. 58 Prozent liewen zanter iwwer engem Joer op der Strooss. Mat 33,85 Prozent lieft de Groussdeel souguer schonn zanter iwwer fënnef Joer op der Strooss. D’Virginie Giarmana, Directrice Adjointe vun Inter-Actions:

“34% des personnes qui sont interrogées me disent qu’ils sont dans la rue depuis plus de cinq ans. Et si on regarde avec les personnes qui sont dans la rue depuis moins d’un an et jusqu’à plus de cinq ans, on arrive partiquement à 60%. Donc c’est une categorie de population qui est majoritairement agée de plus de 36 ans et cela veut aussi dire que si ces personnes là sont là depuis entre un an et cinq ans ce sont aussi des personnes dont le séjour dans la rue se pérénise pour trouver une solution pour les faire sortir de la rue ce sera certainement plus compliqué.”

65% vun de Leit hunn uginn, kee Revenu ze hunn. Als Grond fir hir Situatioun hunn déi meescht Schwieregkeete fir eng Wunneng ze fannen ewéi och finanziell a familiär Problemer genannt.

D'Corinne Cahen zum Recensement vu Sans-Abrien an der Stad
Et war déi éischte Kéier, dass sou ee Recensement gemaach gouf. 66 Leit waren dofir an de 24 Quartieren an der Stad ënnerwee, fir d’Sans-abrien ze befroen.

Fir kënne Léisunge fir déi individuell Situatioune vun de Leit ze fannen, misst ee Strukturen op verschiddene Niveauen a fir verschidde Besoinen opbauen. D’Familljeministesch Corinne Cahen:

“Dofir sinn ech och e grousse Frënd vum Housing first, well do seet ee fir d’éischt hues de eng Wunneng mat deem Suivi deen een ebe brauch an da kucke mer de Recht. Mir hu mat deem Housing first gutt Erfarunge gemaach well mer gesinn, dass Leit déi Addictiounen hunn, déi drénken oder Droge consomméieren, déi hale villäicht net op mee se consomméieren awer manner wann se mol ee fixen Doheem hunn.”

Iwwerdeems sinn nach ee weidere fixen ewéi ee flexibelen Nuetsfoyer geplangt. An Zukunft sollen zwee Recensementer d’Joer gemaach ginn. Ma och an anere Gemenge kéinten deemnächst sou Initiativë lancéiert ginn.

PDF: Rapport final

Back to Top
CIM LOGO