
Géint 21.15 Auer e Freideg den Owend gouf op der A1 op der Héicht vum Sennengerbierg een Auto mat 211 Kilometer an der Stonn geblëtzt. Eng Policepatrull konnt d’Gefier zu Mënsbech stoppen. Bei der Kontroll vun de Pabeieren huet sech erausgestallt, datt de Chauffer säi Fürerschäin réischt zanter knapp 9 Méint hat. Deen ass elo awer mol nees fort.
Genee wéi de Permis vun engem Chauffer, deen e Samschdeg kuerz no Hallefnuecht op der A4 op der Héicht vu Steebrécke mat 229 Kilometer an der Stonn geblëtzt gouf. Op der Héicht vu Leideleng konnt d’Police hie stoppen. Bei der Kontroll ass dunn och nach opgefall, datt de Mann ze vill gedronk hat.
Alkoholkontrollen: 2 Permise fort
D’Police huet dann e Freideg den Owend respektiv an der Nuecht op e Samschdeg op Uerder vum Parquet zwou Alkoholkontrollen duerchgefouert. Tëscht 22 an 23 Auer hunn op der Arelerstrooss zu Bruch 192 Automobiliste musse blosen. A 5 Fäll war den Test positiv. An der Haaptstrooss zu Kruuchten goufen tëscht 23.45 Auer an 00.45 Auer zwar just 28 Chauffere kontrolléiert, ma hei haten der awer 2 ze déif an d’Glas gekuckt an een huet säi Führerschäin mussen ofginn.