
Géint 19.42 Auer krute sech op der Areler A6 e Camion an ne Auto ze paken. Hei ass kengem eppes geschitt.
Géint 1.30 Auer ass op der N5 op der Héicht vun der Gréiwelsbarrière en Auto op d'Kopp gaangen. Dobäi goufen 3 Persounen blesséiert. Méi Detailer sinn nach net gewosst.
Um 5.42 Auer hat et tëscht Altréier a Wolper gerabbelt. Hei gouf et ee Blesséierten ze bekloen.
An zu Esch war et kuerz viru 7 Auer e Sonndeg de Moien eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.