
Wéi d’Police an hirem Bulletin schreift, wier den Accident duerch en net-respektéiere vun der Virfaart zustane komm. Den Chauffer vum Auto wollt nach auswäichen, ma konnt d’Kollisioun net evitéieren. De Motocyclist gouf uerg blesséiert an huet musse mam Rettungshelikopter an d’Spidol geflu ginn. Des weidere war nach eng Ambulanz vu Clierf op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vun Housen a Clierf.
Kuerz no 18 Auer ass zu Rodange an der route de Longwy en Accident geschitt. En Automobilist war bei engem Zebrasträife stoe bliwwen, fir e Foussgänger eriwwer ze loossen. E Motocyclist hat net opgepasst an ass dem Auto hannendrop gerannt. Dobäi gouf de Motocyclist um Kapp blesséiert an huet mussen an d’Spidol bruecht ginn. Et huet sech erausgestallt, dass de Motocyclist kee Fürerschäin hat. De Parquet gouf informéiert an d’Motorrad gouf beschlagnaamt.
De Samu Süd gouf op d’Plaz geruff, nieft de Pompjeeë vu Käerjeng an der Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng.
Um Sonndeg de Moien huet sech géint 5.45 Auer en Auto tëscht Hitten an Näerden iwwerschloen. De Chauffer vum Auto hat kuerz virum Agang vum Duerf d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass dunn iwwert den Trottoir gefuer. Duerno goung et weider iwwert eng Verkéiersinsel, wouduerch den Auto ausgehiewelt gouf an e sech iwwerschloen huet. Den Auto ass um Daach leie bliwwen. De Chauffer stoung ënner Alkoholafloss an en huet de Fürerschäi mussen ofginn.
Den Ettelbrécker Samu war am Asaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Biekerech a Réiden, an d’Ambulanz vu Réiden.
Kuerz viru 6 Auer gouf et dann nach en Accident op der N12 an der Géigend vu Bidscht. Eng Policepatrull huet en accidentéierten Auto virfonnt, bei deem d’Airbagen ausgeléist goufen an d’Warnblinkanlag war un. Vum Chauffer huet allerdéngs all Spuer gefeelt. Et huet allerdéngs net laang gedauert, bis eng aner Patrull de Chauffer konnt ermëttelen... deen hat ze vill gedronk a krut de Fürerschäin ofgeholl.