Zanter Méint gemobbt20 Mataarbechter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch kloen

Maxime Gillen
Et ass de verzweiwelten Hëllefsruff vu Leit, déi hiren eegene Wierder no "zanter Méint gemobbt a fäerdeg gemaach ginn".
© RTL Archivbild

Fir eng 20 Mataarbechter vum Escher Centre Hospitalier Emile Mayrisch ass d'Situatioun esou schlëmm ginn, dass si mat hire Kloe bis bei d'Presidente vum Verwaltungsrot vum Spidol gaange sinn. Dat nodeems weder d'Personaldelegatioun nach hir Cheffen hinne gehollef hunn.

An dobäi ass d'Situatioun net nei. Zanter Méint kujenéiert, mobbt an hannergeet eng Cheffin d'Mataarbechter aus hirem eegenen Departement, genee wéi d'Fleegepersonal vum Spidol. Dat soen op alle Fall déi 20 Leit, déi probéiert hunn, sech ze wieren a vun deenen awer kee wollt perséinlech virum RTL-Mikro temoignéieren, aus Angscht, berufflech nach méi Schwieregkeeten ze kréien.

Dës Coordinatrice soll mat hirer Ekipp eigentlech dofir suergen, dass déi verschidden Ofleef am Spidol méiglechst optimal an effikass lafen. De facto géif si awer just no Feeler sichen, fir déi concernéiert Leit da bei hire Cheffen unzeschwäerzen. Sou Sourcë géintiwwer vun RTL.

D'Leit vun hirem Team hätten deemno de Choix, déi Linn mat ze suivéieren a Leit ze denoncéieren oder ze probéieren, deene Leit ze hëllefen, hir Aarbecht besser ze maachen an dofir Dag an Dag aus kujenéiert ze ginn. Vun 11 Leit, déi lescht Joer an deem Departement ugefaangen hunn, wieren der haut nach genee 4 do. Déi aner 7 hätte gekënnegt oder sech intern versetze gelooss, deels andeems si dofir e Réckschrëtt an hirer Karriär a Kaf geholl hunn.

Wéi si mat deem Problem bei de Chef vun där Coordinatrice gaange sinn, hätte si just gesot kritt, si wieren iwwerméisseg sensibel, net ausgeglach oder theatralesch. Dobäi hätten der eng ganz Rei dovu wéinst deem konstante Mobbing schonn Hëllef beim Aarbechtspsycholog gesicht a wieren esouguer kierperlech krank dovu ginn.

Ma de Problem geet nach vill méi wäit. Zanter Jore wier am Chem eng Politik vu Favoritismus gefuer ginn, esou dass Leit wichteg Positiounen net op Basis vun hirer Kompetenz kritt hätten, ma jee nodeem, wéi gutt si mat deene richtege Leit befrënnt sinn, respektiv deenen an de Krom passen. Doraus wier eng Zort Clan entstanen, dee jidderee géif péngegen, deen net derzou gehéiert.

D'Konsequenz ass evident. E schlecht an ongesond Aarbechtsklima, ënnert deem um Enn dat ganzt Spidol leit. Eng Zefriddenheetsetüd beim Personal lescht Joer ass entspriechend negativ ausgefall.

Ganzer 51 Prozent waren der Meenung, dass an deene meeschte Fäll net déi Leit eng Promotioun kréien, déi dat och am meeschte verdéngt hätten. An nëmme ronn een Drëttel war iwwerzeegt, dass si vun hire Cheffe gehollef kriten, wa si onfair behandelt ginn.

Elo sinn et knapp dräi Méint hier, zanter dass déi 20 Leit de Courage haten, de Presidente vum Verwaltungsrot hiert Leed ze kloen, an der Hoffnung, endlech gehollef ze kréien. Geschitt ass awer bis ewell näischt.

D'Problemer sollen iwwerdeems schonn zanter 2016 bestoen. Op Nofro beim President vum Verwaltungsrot Georges Mischo, huet deen erkläert, dass hien den Dossier ganz eescht géif huelen an zanter dass hien doriwwer informéiert ass, och aktiv géif doru schaffen, eng adequat Solutioun ze fannen. Wéi genee hien de Problem wëll ugoen, wollt hien awer net kommentéieren.

Back to Top
CIM LOGO