Et wëll een et de Leit esou einfach wéi méiglech maachen, fir manner Knascht ze produzéieren. Viséiert si virop Verpackungen a Produiten, déi just eemol benotzt ginn, fir dann direkt an der Poubelle ze landen. Dat neit Gesetz wäert de Staat, d’Gemengen an d’Privatwirtschaft méi an d’Responsabilitéit huelen.
Eng ganz Rëtsch onnéidege Verpackungen oder Produiten, déi ee just eemol benotzt, sollen no an no verschwanne ginn. An de Supermarchéen zum Beispill soll vum nächste Joer u just nach frësch Uebst a Geméis ouni Plastiksverpackung an de Regaler leien. 2024 da mussen all gréisser Supermarchéen eng Rëtsch Recycling-Containeren opstellen.
Och an der Gastronomie ginn et Changementer, virop wat Takeaway a Liwwerungen ugeet. Plastiksbecheren, Telleren an esou weider, déi nëmmen eemol benotzt ginn, ginn op ëffentlechen Fester vun 2023 u verbueden. 2025 da gëtt et op esou Evenementer just nach Geschier, dat ka gespullt an ëmmer nees benotzt ginn.
Den nächste Mëttwoch ass de Vott an der Chamber. Um 1. Januar 2023 sollen déi éischt Changementer a Kraaft trieden.