
An deem Kontext huet d’CNS am September an elo nach emol am Januar Plaintë beim Parquet gemaach. Dat erkläert d’Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.
An iwwer honnert Fäll ass bis well eng Amende gesprach ginn. D’Geldstrofe leien tëscht 200 a 750 Euro. Déi falsch Krankeschäiner ginn natierlech och annuléiert.
De Phänomen vun de falsche Krankeschäiner via Internet wier réischt d’lescht Joer zu Lëtzebuerg opgedaucht, sou d’Ressortministesch. Fir besser dogéint virzegoen, hätt d’CNS elo och en informatesche Kontrollmechanismus en Place gesat.
Per Internet bestellen: D’Gesondheetskeess warnt viru falsche Krankeschäiner