“Eis national a kollektiv Verdeedegung hänke méi wéi jee vum fräiwëllegen Engagement vu Fraen a Männer an eiser Arméi of.” Dat sot d’Ministesch Yuriko Backes, nodeem d’Regierung dës Woch e Pak u Moossnamen decidéiert huet, fir d’Arméi méi attraktiv ze maachen.
Wéi grouss d’Erausfuerderunge sinn, huet de Generol Steve Thull op der Chrëschtveillée um Härebierg ënnerstrach. “D’Ufuerderunge sinn einfach esou enorm, datt mer onbedéngt vill motivéiert Fraen a Männer brauchen, fir all den Aarbechten, déi op eis duerkommen, Rechnung kënnen ze droen.”
D’Joer 2025 wäert an d’Geschicht agoen, als dat, wou eng nei Epoque fir eis Defense ugefaangen huet. Den Drock ass grouss, Europa muss oprechten, sech op eege Féiss stellen, dat mam Bléck op déi russesch Menacen. Awer och mam Bléck op den historeschen Alliéierten, den USA, op deen ee sech manner verloosse kann. Erausfuerderungen, déi net einfach laanscht Lëtzebuerg lafen.
“An der NATO ass d’Analys gemaach ginn, wéi eng Capacitéite mir brauchen, fir eis kënnen als NATO ze verdeedegen. Lëtzebuerg huet do en Deel vun deem Kuch ze droen. Dat bedeit ganz grouss Changementer fir eis Verdeedegung, fir eis Defense, fir eis Arméi,” esou d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes Ugangs Juni virun engem NATO-Sommet, deen Historesch sollt ginn.
Den NATO Sommet zu Den Haag gouf zur Charme-Offensiv, fir engem Clash mat den USA aus dem Wee ze goen. An awer.
An de Méint duerno, gouf et nach méi däitlech. D’Administratioun Trump huet déi transatlantesch Partnerschaft, wéi se zanter dem Enn vum zweete Weltkrich zesummegewuess war, direkt e puer Mol ugegraff an a Fro gestallt.
Europa bleift näischt anescht iwwreg, sech op Eege Féiss ze stellen. Net just wat d’Verdeedegung ubelaangt, mä och genau do. Um Enn vun dësem Joer gëtt Lëtzebuerg 2 Prozent vum Brutto National Akommes fir d’Defense aus, net grad 1,2 Milliarden Euro. En Objektiv, wat 5 Joer éischter huet missen erreecht ginn, wéi u sech virgesinn. E Budget deen, wëll een dem NATO-Zil gerecht ginn, bis 2035 ëm dat véierfacht ugehuewe misst ginn.
“Et soll ee sech net fokusséieren op Prozenter, et muss ee sech fokusséieren op e Wee. An dee Wee heescht, datt mer alleguerten, och Lëtzebuerg, wäerte stufewais an deenen nächste Jore méi fir eis Sécherheet musse maachen, well ouni Sécherheet gëtt et keng Fräiheet”, esou de Premier Luc Frieden de 25. Juni um NATO Sommet zu Den Haag.
Wéi all d’NATO-Memberstaate krut och Lëtzebuerg e Kataloge un Hausaufgaben: “Targets” genannt.
Nieft dem Satellit fir Äerdobservatioun LUXEOSys gëtt en zweete GovSat bestallt. Ganz nei gëtt de Baustee Loftofwier. Do leeft d’Analys nach: Wat fir ee System mat wat fir enge Partner. Lëtzebuerg soll och e mobilt Militärspidol an eng mobile Tankstatioun fir Fliger zur Verfügung stellen, grad wéi och Observatiouns- a Kampf-Dronen. Analyséiert gëtt och, ob de Findel eng Base arrière vun der NATO kéint ginn.
Derbäi kennt de Belsch-Lëtzebuerger Batailloun, mat den néidege Gefierer, deen nach aus dem leschten Zyklus ëmgesat muss ginn.
Finanzéiert gëtt dat alles deels iwwer en neie Wee. Sou genannt Defence Bonds an Héicht vun 150 Milliounen Euro, déi d’Regierung Mëtt Januar wëll erausginn.
Investissementer, déi net nëmmen de Budget a Milliarden héicht belaaschten. A punkto Personal wäert d’Lëtzebuerger Defense missen déi nächst 10 bis 15 Joer eng 650 Leit astellen. Nieft dem Härebierg, Bleesdall a Waldhaf, wäert zu Suessem an Arel an méi Sitten investéiert ginn.
“Et ass net e Problem, fir Suen auszeginn, loosse mer mol esou soen. Et ass och, wéi verschaffe mer dat? Wat maache mer domadder? Et muss Sënn maachen”, esou d’Yuriko Backes.
Dat ass ee Grondi, firwat am November offiziell d’Associatioun ‘LuxDenfence’ virgestallt gouf. Eng Plattform, déi iwwer 80 Betriber regruppéiert.
“Wéi vill Betriber iwwerhaapt do d’Potenzial hätten, do si mer op 110 komm. Dat heescht, wann een elo gesäit, datt mer déi scho bal alleguer rassembléiert hunn, da gesäit ee wierklech, datt een Interêt do ass. An ech mengen, et sinn der scho vill do, déi hu schonn Expertise, se wësse just nach net, wéi een an déi NATO-Capacitéiten do erakënnt. Dat ass immens komplex. An anerer, mengen ech, déi bidden och elo scho Saachen un am Dual Use”, eou de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, de 25 November
Europa Rëscht op. Milliarde gi mobiliséiert. Op engem Ament, wou Russland als Direkt Menace ugesi gëtt.An dat net just fir d’Staaten am Osten.