
Organiséiert gëtt d’Foire Agricole an den Däichwisen zu Ettelbréck vum 1. bis den 3. Juli. D’Foire steet ënnert dem Motto “Lëtzebuerger Landwirtschaft - Eng Traditioun mat Zukunft”. Et geet drëms, Produzenten a Konsumente méi no beieneen ze bréngen, erkläert den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf: “Also all déi Leit, déi um Terrain schaffen. Awer och all déi, déi d’Wësse produzéieren iwwert Liewensmëttelproduktioun, awer och d’Veraarbechtungsbetriber. An zum Schluss kënnt de Client. An hei ass et den direkte Kontakt tëscht Produzenten a Konsumenten. An dat ass flott.”
D’Editioun 2022 huet villes ze bidden. Den Organisateur Jeff Boonen mat e puer Eckdaten: “Dëst Joer hu mer iwwer 80.000 Metercarré Ausstellungsfläch. 260 Exposanten an 20, déi nach op der Waardelëscht sinn. 92 Zelter. A véier Anniversairen. 50 Joer Limousin-Zuucht, 50 Joer Maschinnenring, 100 Joer Ardennerzuucht an 100 Joer Klengdéierenziichter.”
Déi digital Form vun der Foire Agricole gëtt awer och bäibehalen.
Weider Informatioune ginn et op www.fae.lu.