Esch/Uelzecht3 jonk Männer schloen op Passant an a klaue seng gëlle Ketten

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt e brutalen Iwwerfall e Sonndeg an der Rue du Canal. E Mann gouf vun Onbekannten ugegraff an doropshin iwwerfall.

Dräi jonk Männer sollen d’Affer geschloen an him duerno seng gëlle Kette vum Hals gerappt hunn. Eng weider Persoun, eng Fra, gouf vun engem vun de selwechten Déiwe gestouss an dobäi blesséiert. Béid Persounen hu missen an d’Spidol.

Ee vun den Haapttäter konnt an engem Lokal ermëttelt an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. Hien hat e Méindeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Déi zwee aner Dotverdächteger konnten net ugetraff sinn.

Back to Top
CIM LOGO