Iwwert de Weekend302 Positiver bei 1.073 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.117 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell si 16 Persounen hospitaliséiert, dovunner zwee Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.289.311 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,78. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 3,58 Prozent. Vun 414 PCR-Tester waren der e Sonndeg 10 positiv. E Samschdeg goufen 139 Persoune positiv getest an e Freideg waren et der 153.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO