Weltdag vum Blutthéichdrock31% vun den Erwuessenen hei am Land hunn héije Bluttdrock

RTL Lëtzebuerg
De 17. Mee ass de Weltdag vum Blutthéichdrock, en Dag fir d'Gesellschaft ze sensibiliséieren.

Een Drëttel bis d’Hallschent vun de Covid-19 Patienten op der Intensivstatioun hate virdru scho Komplikatioune wéinst ze héijem Bluttdrock. Dee Chiffer kommunizéiert de Gesondheetsministère am Kader vum Weltdag vum Blutthéichdrock.

Zu Lëtzebuerg hätte ronn een Drëttel vun den Erwuessenen ze héije Bluttdrock, d’Hallschent wéisst dat awer net. Héije Bluttdrock wier en zentrale Risiko-Facteur fir eng Rei kardiovaskulär Krankheeten, déi heefegst Doudesursaach zu Lëtzebuerg. D’Krankheet géif dacks spéit entdeckt ginn, bei Routine-Consultatiounen oder awer och réischt nodeems se scho schwéiere Schued un den Organer hannerlooss huet, an dann och am Fall vun enger Infektioun mam neiaartege Coronavirus fir e schwéiere Krankheetsverlaf suerge kann. Dat kéint zum Beispill d’Häerz, d’Nieren, d’Gehir oder d’Aen treffen.

Fir héije Bluttdrock ze verhënneren, kéint ee sech gesond ernären, reegelméisseg Sport maachen, op säi Gewiicht oppassen, Stress reduzéieren, ophale mat Fëmmen a säin Alkohol-Konsum limitéieren, esou de Gesondheetsministère.

PDF: Affiche vum Weltdag vum Blutthéichdrock

Back to Top
CIM LOGO