
Um Findel hat et kuerz no 14.30 Auer an der Strooss “Beim Haff” an enger Kummer gebrannt. Véier Persoune goufen dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter aus der Stad a vu Sandweiler versuergt.
Um CR308A tëscht Kietscht an Éischt hat géint 14 Auer Gestrëpps Feier gefaangen. D’Pompjeeë vum Colmer-Bierg, Gréiwels, Groussbus, dem Préizerdaul, Rammerech a Réiden waren op der Plaz.
Zu Esch-Uelzecht an der Avenue du Rock’n’Roll gouf géint 12.30 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. D’Ambulanciere vum SaDiff an d’Pompjeeë vun Esch waren am Asaz.
Kuerz viru 16 Auer goufen d’Rettungsdéngschter vum SaDiff, grad ewéi de Samu vun Esch an d’Route de Belvaux zu Uewerkuer geruff, nodeems hei en Auto accidentéiert war an eng Persoun blesséiert gouf.
Zu Hoen an der Stengeforter Strooss hate sech géint 16.20 Auer zwee Autoen ze pake kritt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vu Stengefort waren op der Plaz.