Vill ze dinn fir d'Police40 Fäll vu Streidereien a Verstéiss géint d'Nuetsrou

RTL Lëtzebuerg
Landeswäit gouf d'Police vun e Samschdeg den Owend u bis e Sonndes de Moie fréi ganzer 40 Mol geruff, well sech net un d'Reegele gehale gouf.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Et koum deemno zu Streidereien, et gouf sech ëffentlech de Batti gestallt oder et gouf géint d’Nuetsrou verstouss. An de meeschte Fäll hat sech d’Situatioun berouegt, nach ier d’Police ukomm ass oder et konnt sur place gekläert ginn.

Géint 21 Auer e Samschdeg den Owend hat d’Police nach eng Persoun gemellt, déi an engem Café um Boulevard Franklin D. Roosevelt an der Stad vun zwou Persoune geschloe gi wier. D’Beamten hunn op der Plaz och effektiv d’Affer virfonnt. De Mann koum blesséiert an d’Spidol an Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO