
Wéi et vun der Police heescht, wieren déi 2 Chauffere schwéier blesséiert ginn. Ee vun hinnen, e Mann am Alter vu 40 Joer, ass un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen. D'Strooss huet misse fir den Trafic gespaart ginn.
2 Dikrecher Ambulanzen, de Samu an d'Pompjeeë vun Dikrech an Tandel waren am Asaz. D'Police an de Mies- an Erkennungsdéngscht waren op der Plaz.