
Tëschent Dummeldeng an dem Waldhaff waren 2 Autoen aneneegerannt, um Lampertsbierg an der Avenue Victor Hugo war et en Auto géint e Moto, tëschent Réid an Aassel ass en Auto an e Bam gerannt an och tëschent Miersch an dem Rouscht an zu Uewerkuer sinn all Kéier 2 Autoen net laanschtenee komm. Bei de verschiddenen Accidenter gouf all Kéier eng Persoun blesséiert.