
Géint 7.30 Auer ass zu Biebereg eng Persoun ugestouss ginn. Hei huet ënnert anerem de SAMU mussen an den Asaz. Och zu Ettelbréck gouf eng Persoun ugestouss ëm déi selwecht Zäit.
An dem selwechten Zäitraum sinn zu Bieles en Auto an e Moto aneneegerannt.
Géint 8.45 Auer sinn zwee Autoen zu Garnech aneneegerannt.
Kuerz virun 11 Auer sinn zu Housen eng Partie Autoen aneneegerannt.
Bei all deenen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.