
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg si fënnef Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 1.015.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 2.516 positiv Fäll bei 6.014 Tester. E Freideg goufen 1.197 Persoune positiv getest, e Samschdeg waren et der 1.046. 273 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert. Mat den Zuele vum Weekend zielt de Grand-Duché elo 201.718 Corona-Infektiounen.
E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 43,00 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 43,01 op 100.000.
Den Ament sinn 42 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.272.992 Impf-Dosisse genotzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.