Coronavirus zu Lëtzebuerg5 weider Persoune gestuerwen, vun 10.412 Tester waren der 179 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 777 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 136 Persounen hospitaliséiert, dovunner 33 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 3.273 aktiv Infektiounen. 60,012 Persoune gëllen als geheelt.

3.935 Mënsche kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 878 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 135.091 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO