Konjunkturcomité50 Betriber krute gréng Luucht fir Kuerzaarbecht

Joel Detaille
2.442 Salariéë wiere maximal vum Chômage partiel betraff.
© RTL

En Dënschdeg de Moie war de Konjunkturcomité ënnert der Presidence vum Aarbechtsminister Marc Spautz nees beieneen. Ënnert anerem gouf d’Analys gemaach vun den Demanden, fir am Mount Mee däerfe kuerz ze schaffen. 58 esou Ufroen gouf et, 50 goufen der guttgeheescht.

2.442 Salariéë wiere maximal vum Chômage partiel impaktéiert.

Dass et net ëmmer dozou kënnt, weisen d’Chiffere vu Januar dëst Joer. Do hätten am Ganzen 49 Betriber däerfe kuerz schaffen. Just 31 hunn et effektiv gemaach.

Pressecommuniqué vum Wirtschaftsministère
Comité de conjoncture du 21 avril 2026

Back to Top
CIM LOGO