Déidlechen Aarbechtsaccident 52 Joer ale Mann fält Stee erof a stierft op der Plaz u senge Blessuren

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass den déidlechen Accident um Briddel an der rue du Tilleul.
© Domingos Oliveira / RTL

Kuerz virun 13 Auer ass en Aarbechter op engem Chantier vun enger Stee ronn 3 Meter an d'Déift gefall a gouf dobäi ganz schlëmm blesséiert.

Obwuel intensiv probéiert gouf den 52 Joer ale Mann aus der franséischer Grenzregioun ze reaniméieren, ass hien nach op der Plaz gestuerwen.

De Parquet gouf informéiert, de Miess- an Erkennungsdéngscht an d'ITM waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO